| A |
| ANALOG INSULIN : Insulin deen am Laboratoire hiergestallt gëtt an deem seng Vitesse a seng Aktioun verännert ass |
| AZETON : Chemesch Substanz am Pipi wann een entweder am Iwwer- oder am Ënnerzocker ass |
| AZIDOSE : Iwwersaierung vum Kierper (ph ennert 7,4) |
| B |
| BALLASTSTOFFEN : Fiberen a verschiddene Geméis- an Uebstzorten |
| BAUCHSPEICHELDRÜS : Drüs an der Mëtt vum Bauch déi den Insulin an den Glukagon mécht |
| G |
| GLUKAGON : Hormon dat vun den Alfa-Zellen vun der Bauchspeicheldrüs ausgescheet gëtt an den Blutzocker erop dreiwt |
| GLYKÄMESCHT GLÄICHGEWICHT : Gutt Blutzockerwäerter an eng gutt HbA1c |
| H |
| HEMOGLOBINE GLYCOSYLE : Roude Blutkierperchen wou sech den Zocker drop setzt |
| HORMON : Chemesch Substanz déi vun enger Drüs am Kierper hirgestallt gëtt |
| I |
| INSULIN : Hormon dat vun der Bauchspeicheldrüs hirgestallt gëtt an dem Zocker d’Dier opmécht fir an d’Zellen eran |
| INSULINPOMPEL : Klengen Apparat deen den Insulin asprëtzt |
| INULINOFHÄNGESCH : Zockerkrankheet déi mat Insulin behandelt gëtt |
| K |
| KOMA : Wann ee bewosstloss ass |
| KUELENHYDRATER : Eng Kategorie vun Iessen ( Gromperen, Brout, Nuddelen...) |
| R |
| ROUDEN BLUTTKIERPERCHEN : Transportéiert de Sauerstoff am Blutt an ass rout |
| S |
| STÄERKT : Komplexe Kuelenhydrat mat méi Molekulen Zocker (am Räis, an den Gromperen, am Mais) |
| T |
| TIGETTE : Klenge Stäbchen fir de Bluttzocker ze moossen |
| U |
| URINANALYSE : Sich no Zocker an Azeton am Pipi |