 |
 |
A. D'Ernährung  |
 |
|
|
|
| 4. Wat si Gluciden ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Gluciden, also Zocker, gëtt et a 4 Gruppe vu Liewesmëttel:
1. Brout (Kären, Getreide)
-Brout
-Nuddelen
-Räis
-Gromperen
-Féculent'en (Lënsen, Bounen, Ierbessen, Soja)
2. Uebst
-all Zorten Uebst
3. Mëllechprodukter
-Vollmëllech, Hallef-Fett-Mëllech
-Yogurt
4. Geméis
Et si nëmmen e puer Zorte Geméis déi "zielen", déi hu ganz wéineg Gluciden!
-Maïs
-gekachte Muerten
-réi Ierbessen
-Kürbis
-Muertejus
|
|
 |
|
|
| 6. Wat fir e Gedrénks "zielt" ? |
 |
 |
 |
 |
 |
-An all Limonad an an der Cola ass ganz vill Zocker. Dës Gedrénkser si net gesond a sollen dofir nëmmen heiansdo gedronk ginn oder awer wann een am Ënnerzocker ass.
-Mëllech: Vollmëllech an Hallef-Fett-Mëllech
-Platt Waasser, Sprudelwaasser, Téi an Kaffi enthalen keen Zocker.
-Uebstjus huet zwar schonn Zocker, mee an di meescht färdeg Jus'en gëtt nach zousätzlechen Zocker dobai gemaacht. Et ass also vill méi gesond, frësch gepressten Uebstjus ze drenken.
-am "light"-Gedrénks (z.B. Cola Light) ass wéineg oder keen Zocker well et mat chemesche Produit'en geséisst gëtt, wéi zum Beispill Aspartam. Ech muss ëmmer liesen, wat op der Flesch stet. Ech soll net zevill "light"-Gedrénks drenken.
|
|
 |
|
|
|
|
|
| 11.Wat därw ech op engem Gebuertsdaagsfest iessen ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Ech kann, wéi di aner Kanner, e Stéck Gebuertsdaagskuch iessen, da muss ech awer meng Insulindosis dodrunner upassen.
Wat d'Gedrénks uget, soll ech naischt Séisses drenken an och soss keng Séissegketen iessen.
Meng Elteren mussen dene Leit, déi mech invitéiert hunn, erklären, dass ech zockerkrank sinn, an hinne soen, wourop sie oppasse mussen, fir datt et och mir mech e flott Fest gëtt.
|
|
 |
|
B. Sports  |
 |
| 1. Kann ech trotz Diabetes Sport maachen ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Jo, Sport ass méiglech trotzdem ech zockerkrank sinn. Sport ass gesond fir jiddereen.
Ech muss awer meng Insulindosis an mäin Iessen un d’Ustrengung upassen fir ze verhënneren dass ech an Ënnerzocker falen. |
|
 |
|
| 2. Wat ass en idealen Bluttzocker virum Sport ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Mäin Bluttzocker soll virun enger Ustrengung e bëssen méi héich leien, sou dass ech e klengen „Sécherheetsofstand“ hunn. Fir net ze séier en Ënnerzocker ze riskéieren, soll mäin Bluttzocker net ënnert 150 mg/dl leien.
Bei Bluttzockerwäerter iwwer 250 mg/dl muss ech en Azetontest maachen. Ass dësen positiv, däerf ech keen kierperlechen Effort maachen, soss verschlechert sech mäin Zoustand nach méi. Ech muss also fir d’éischt mäin Bluttzocker mat engem Insulinbolus erof drécken. |
|
 |
|
| 3. Wéi e Risiko besteet beim Sport ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Well mäin Bluttzocker während der Ustrengung erof geet, riskéieren ech en Ënnerzocker. Ech spieren d’Unzeeche vum Ënnerzocker net esou gutt beim Sport, well ech ofgelenkt sinn an mäi Kierper duerch d’Belaaschtung verännert ass. |
|
 |
|
| 4. Firwat verännert sech mäi Bluttzocker bei enger kierperlecher Ustrengung ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Bei engem kierperlechen Effort, strengen ech meng Muskelen un.
Engersäits hëlt d’Insulinemfindlechkeet durch d’Ustrengung zou, anersäits brauche meng Muskelen Energie, déi si a Form vun Zocker kréien.
Fir d’éischt verbraucht mäi Kierper déi opgehollen Kuelenhydraten, dat heescht den Zocker deen am Blutt ass.
Wann de Bluttzocker duerch eng gréisser Ustrengung nach méi déif fällt, da ginn fir d’éischt d’Zockerreserven aus den Muskelen, dann aus der Liewer an als lescht aus den Fetten eidel gemaach. |
|
 |
|
|
| 6.Op wat muss ech beim Sport oppassen ? |
 |
 |
 |
 |
 |
- de Bluttzocker moossen
- d’Insulindosis erofsëtzen
- méi Kuelenhydrater iessen
- méi drénken
- ëmmer séieren Zocker bei sech hunn
- Glukagonset net ze wäit ewech hunn
- Azeton moossen wann de Bluttzocker iwwer 250mg/dl ass |
|
 |
|
| 7. Firwat brauch ech manner Insulin beim Sport ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Well de Bluttzocker bei enger kierperlecher Ustrengung erof geet, produzéiert en Net-Diabetiker automatesch manner Insulin fir en Ënnerzocker ze vermeiden.
Duerch dësen niddregen Insulinspigel kann d’Liewer hir Zockerreserven erëm an d’Blutt ofginn, an d’Muskelen kënnen méi Fett zur Energieproduktioun gebrauchen.
Den Bluttzockerspigel bleiwt also konstant.
Als Diabetiker muss ech also virum Sport manner Insulin sprëtzen oder méi Kuelenhydrater iessen. |
|
 |
|
|
| 9. Firwat fällt mäin Bluttzocker nach eng Zäitchen no der Ustrengung ? |
 |
 |
 |
 |
 |
No enger kierperlecher Aktivitéit fëllen d’Muskelen hir Reserven erëm op. Glukose gëtt aus dem Blutt an d’Liewer an an d’Muskelen opgeholl fir d’Glycogenreserven erëm opzefëllen.
Dëst nennt en „Muskelopbaueffekt“. Wat ech mech méi a méi laang ugestrengt hunn, ëmsou méi laang dauert dës Phase.
Ech muss also gutt oppassen fir an der Nuecht keen Ënnerzocker ze maachen. |
|
 |
|
| 10. Wéi eng Liewesmëttel si gutt wann ech Sport machen ? |
 |
 |
 |
 |
 |
- Séier Zockeren wéi z.B. Drauwenzocker, Uebstjus, Cola (Fanta, Sprite..), Glukosegel sinn ideal fir en Ënnerzocker ze bekämpfen, mä mäin Bluttzocker fällt duerno awer erëm séier.
- Komplex Zockeren wéi z.B. Brout, Nuddelen, Räis an besonnesch Vollkarprodukter hëllefen de Bluttzocker während e puer Stonnen konstant ze halen.
- Kuelenhydrater eleng wierken déi éischt 1-2 Stonnen
- zousätzlech Proteinen wierken déi nächst 2-4 Stonnen
- zousätzlech Fetter wierken déi nächst 4-6 Stonnen
Ech soll meng Ernährung also upassen un d’Dauer an d’Art vu Sport déi ech maache wëll.
|
|
 |
|
| |
 |
|