 |
A. Den Diabetes vum Typ 1  |
 |
| 1. Firwat sinn ech zockerkrank ? |
 |
 |
 |
 |
 |
All Kand kann Diabetes kréien, also zockerkrank ginn. Et ass net gewosst, firwat ee krank gët – et huet jiddefalls naischt mat menger Ernährung oder mat Séissegketen ze dinn. Et ass net meng Schold an och net mengen Elteren hir. Et ass keng ustiechend Krankhet.
Et ass eng auto-immun Krankhet, dat heescht dass main Kierper lues a lues all Beta-Zellen vun menger Bauchspaicheldrüs zerstéiert an ech also keen Insulin méi produzéiere kann. |
|
 |
|
| 2. Wat ass Diabetes Typ 1 ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Et ass eng Krankhet wou een zevill Zocker am Blutt huet. Et ass net well een zevill Zocker giess huet, mee well meng Bauchspaicheldrüs keen Insulin méi produzéiert.
Et ass eng auto-immun Krankhet, dat wëll heeschen datt eisen Immunsystem eis Beta-Zellen zerstéiert.
Den Type 1 Diabetes ass emmer insulinofhängech. |
|
 |
|
| 3. Wat sinn d’Unzeeche vun Diabetes ? |
 |
 |
 |
 |
 |
- wann een dacks midd ass
- wann een dacks duuschterech ass
- wann een dacks muss op d’Toilette goen
- wann een ofhëllt
- wann am Urin (Pippi) Glukose ass, dat nennt een eng Glucosurie |
|
 |
|
| 4. Wéi laang dauert meng Krankhet ? |
 |
 |
 |
 |
 |
D’Beta-Zellen vun menger Bauchspaicheldrüs gi lues a lues zerstéiert ouni datt ech et mierken. Dës Phas nennt een «pré-diabète». Wann nëmme méi 15 bis 20% vun deenen Zellen iwreg sinn, da fänkt et un mer schlecht ze goen.
Wann der Dokter dann erausfonnt huet, dass ech zockerkrank sinn, da ginn ech mat Insulin behandelt.
Duerno, während engem bis 2 Joer, brauch ech net vill Insulin, wëll meng Bauchspaicheldrüs dann ërëm e bëssen Insulin produzéiert. Dës Phas nennt een «phase de rémission» .
Duerno produzéiert meng Bauchspaicheldrüs nie méi Insulin. Ech muss mer also mai ganzt Liewe laang Insulin sprëtzen.
Op der ganzer Welt schaffen awer ganz vill Wëssenschaftler drun fir ë Mëttel géint d’Zockerkrankhet ze fannen oder awer fir méi eng liicht Behandlung ze fannen. |
|
 |
|
| 5. Wat ass d’Bauchspaicheldrüs ? |
 |
 |
 |
 |
 |
D’ Bauchspaicheldrüs - op franséisch «le pancréas» - asse een Organ dat a meng Bauch ass. An der Bauchspaicheldrüs do ginn et kleng Zellen, d’Langerhans-Zellen, an déi produzéieren enert anerem dës zwee verschidden Hormonen.
1. den Insulin, deen hëlleft den Zockergehalt am Blutt (dat nennt een d’Glycémie) niddreg ze halen wann zevill Zocker am Blutt ass
2. de Glucagon, deen hëlleft den Zockergehalt am Blutt erop ze setzen wann net genuch Zocker am Blutt ass |
|
 |
|
| 6. Firwat brauch mai Kierper iwwerhaapt Zocker ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Den Zocker ass d’Energie, ouni deen d’Zellen a mengem Kierper net schaffe kënnen. Esou wéi en Auto Benzin brauch, brauch de Kierper Zocker. |
|
 |
|
 |
B. De Bluttzocker  |
 |
| 1. Wat heeschen d’Zuelen op mengem Zockermoosscomputer ? |
 |
 |
 |
 |
 |
D’Quantitéit vum Zocker am Blutt nennt een och nach «Glycémie» oder Bluttzockerspigel.
Et ass déi Zuel déi den Zockermoosscomputer oder Glucomètre affichéiert.
Den Zocker am Blutt gët a mg/dl (Milligramm pro Deziliter) oder an mmol/l (Millimol/Liter) ausgedréckt.
Meng Idealwärter leien tëscht 80 an 180 mg/dl.
|
|
 |
|
| 2. Firwat muss ech mai Bluttzockerspigel moossen ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Wëll mai Kierper keen Insulin meéi produzéiert, geet mai Bluttzockerspigel an d’Lut, besonnesch wann ech eppes iessen wou vill Gluciden, also vill Zocker dran ass.
Ech muss also moossen fir ze wëssen wéivill Insulin ech brauch. |
|
 |
|
| 3. Wourop muss ech oppassen wann ech mai Blutzocker moossen ? |
 |
 |
 |
 |
 |
- d’Hänn wäschen well wann ee knaschteg Hänn huet, kënne falsch Resultater eraus kommen
- ëmmer d’Nol wiesselen
- de Code op de Teststraifen kontrolléieren
- d’Hänn e bësse wiermen wann et kal ass well soss kënnt nët genuch Blutt
- ëmmer an d’Sait vum Fanger picken well d’Fangerspëtzen sinn zevill empfindlech
- net an den Daum oder an de Zeigefanger picken well déi Fangeren benotze mer am meeschten
- net ëmmer an dee selwechte Fanger picken |
|
 |
|
|
|
| 6. Wouduerch ännert main Bluttzockerspigel ? |
 |
 |
 |
 |
 |
- Iessen
- Sport
- Staark Gefiller (Fred oder Trauer)
- Krankheten (Schnapp, Houescht, Féiwer...)
- Wuesstumshormon an Pubertéit |
|
 |
|
| 7. Wat ass HbA1c ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Den HbA1c, oder "hémoglobine glycosilée", ass e roude Protein deen de Sauerstoff an d'Blutt féiert a sech mat der Glukose verbënnt. E gëtt am Réckemuerch hiirgestallt an huet eng Liewesdauer vun 120 Deg, iir en an der Mëlz zerstéiert gëtt.
Den HbA1c get gerechent op Basis vun enger Blutprouf a weist mir op mai Blutzockerspigel an de leschte 6 bis 8 Wochen gutt equilibréiert war.
Wäerter tëscht 6 an 7,5 % si gutt.
Ze Héich HbA1c Wärter liwweren eis Informatiounen iwwer eventuel laangfristeg Komplikatiounen. |
|
 |
|
 |
C. Iwwerzocker  |
 |
| 1. Wéini ass main Bluttzockerspigel ze héich ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Wäerter iwwer 180 mg/dl sinn ze héich - ech hunn also dat wat ee nennt eng "hyperglycémie", ech sinn am Iwwerzocker. |
|
 |
|
|
| 3. Firwat si meng Wäerter heiansdo ze héich ? |
 |
 |
 |
 |
 |
- well net genuch Insulin do ass
- well ech zevill giess hunn
- well ech manner Sport gemaach hunn wéi virgesinn
- Problemer beim Sprëtzen, z.B. vergiess d’Loft aus engem neie Flakon Insulin ze loossen, Loft an der Nool, ze kaalen insulin
- de Katheter aus Teflon ass gediebelt (bei enger Behandlung mat enger Pompel)
- well ech an eng Fettknupp (lipodystrophie, boule de graisse) gesprëtzt hunn
- den Insulin ass ofgelaf (Datum)
- well ech krank sinn
-well ech nach am Wuesse an an der Pubertéit sinn
-Sress |
|
 |
|
| 4. Firwat geet de Bluttzocker an d'Lut wann ech schlofen, wann ech also net iessen ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Während der Verdauung suergt den Insulin dofir, dass den Zocker op verschiddene Plazen am Kierper absorbéiert gëtt:
1. an den Zellen
2. an der Liewer a Form vu Glucogène
3. an de Muskelen, och a Form vu Glucogène
No der Verdauung setzt d'Liewer de Glycogène ërëm frai a Form vun Zocker deen an d’Blutt get an duerno an d'Muskelen. Dofir brauch ech ërëm e bëssen Insulin.
Mai Blutt ass also just eng Plaz wou den Zocker op sengem Wee an d'Muskelen duerch get. |
|
 |
|
| 5. Wat mecht ee bei Iwwerzocker ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Ech muss dann Insulin sprëtzen.
D'Korrekturdosis hänkt vun der Dageszait of:
- an der Nuecht a moies (tëscht 4 a 9 Auer)huet den Insulin nëmme wéineg Aktioun
- mëttes (tëscht 11 a 14 Auer): vill Aktioun
- spéiden Nomëtteg an Owend (vu 17 bis 20 Auer): rëm manner Aktioun
- an der Nuecht (tëscht 23 an 2 Auer): ganz vill Aktioun
Dat wëll heeschen dass een an der Nuecht ganz gutt muss oppassen well ee séier an den Ënnerzocker ka kommen.
Ech muss also moies wann ech opstinn an owes wann ech schlofe ginn méi Insulin sprëtzen fir den Bluttzockerspigel ërëm erof ze kréien. |
|
 |
|
| 6. Wat ass eng Korrekturdosis ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Wann ech am Iwwerzocker sinn, muss ech Insulin sprëtzen fir de Bluttzocker erof ze kréien.
Fir ze wëssen wéivill Insulin ech sprëtze muss, muss ech fir t'éischt eraus fannen ëm wéivill mg/dl main Zockerspigel erof geet wann ech 1 Unitéit sprëtzen. |
|
 |
|
 |
D. Ënnerzocker  |
 |
| 1. Wéini ass main Bluttzockerspigel ze niddreg ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Wäerter ënner 70 mg/dl sinn ze héich - ech hunn also dat wat ee nennt eng "hypoglycémie", ech sinn am Ënnerzocker. |
|
 |
|
| 2. Wéi fillen ech mech wann ech am Ënnerzocker sinn ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Et ass net genuch Zocker am Blutt. Wann de Niveau esou erof geet, dass ech schwaach falen, da muss direkt ee mer Glucagon-Sprëtz maachen, fir datt et mer ërëm besser geet.
Dës Symptomer kënne och eenzel optrieden an si vu Kand zu Kand verschidden.
Wann ech een vun dëse Symptomer hunn, muss ech mech direkt testen oder mat engem schwetzen fir séier eppes z'iessen.
- et dréit mer
- zidderen
- de Bauch wéi
- bleech
- opgereegt
- midd
- nervös
- ka mech net méi konzentréieren
-schweessen
-Honger
|
|
 |
|
| 3. Firwat ass main Bluttzocker heiansdo ze niddreg ? |
 |
 |
 |
 |
 |
- zevill Insulin
- net genuch giess
-méi Sport wéi virgesinn
-sech iwwerginn an Durchfall
-Hëtzt, Sauna |
|
 |
|
|
|
|
 |
E.
Pipianalysen  |
 |
| 1. Firwat mecht een Analysen vum Pipi ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Fir eraus ze fannen wann ech ganz staark Iwwerzocker hunn, ob Aceton am Pipi ass.
Well da weess ech, dass main Korrektiounsbolus méi héich muss sinn, wéi wann ech en iwwerzocker maachen ouni Aceton. |
|
 |
|
| 2. Wéi mecht een eng Pipianalyse ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Do ginn et extra Straifen (Ketur-Test, Ketostix) déi zappt een an e Becher wou den Pipi drann ass.
No 30 Sekonnen kann ech d'Resultat gesinn wann d'Straif sech verfierwt (blo-mauve). |
|
 |
|
|
| 4. Wat ass eng "céto-acidose" ? |
 |
 |
 |
 |
 |
Wann net genuch Insulin do ass, da geet de Kierper seng Energie an d'Fetter sichen. Da bilden sech am Blutt "corps cétoniques" (Fettkierper????) an d'Blutt gët sauer. Dat nennt een eng "céto-acidose". |
|
 |
|
| 5. Wat sinn d'Zeeche vun enger "céto-acidose" ? |
 |
 |
 |
 |
 |
- wann ech laang ganz vill Iwwer- oder Ënnerzocker hunn
- Glukose am Pipi
- 't ass mer schlecht an ech muss mech iwwerginn
- de Bauch wéi
- main Otem richt "fruuchteg" wéint dem Geroch vum Aceton |
|
 |
|
|
|
 |
F. D'Roll vum Insulin  |
 |
|
|
|
|
|
|
|